CHORALE MUNICIPALE GREVENMACHER - MAACHER CHORALE

Home

Brass meets Voices

2 jonk Dirigenten – 1 gemeinsame Projet

D’Maacher Chorale huet d’Freed, Iech häerzlech op e ganz besonnesche Concert anzelueden, deen zesumme mat der Harmonie Union Troisvierges organiséiert gëtt. Dëse Projet vereent net nëmmen zwou engagéiert Formatiounen, mee och zwee jonk Dirigenten, déi mat vill Passioun a musikalescher Visioun dëse Concert gestalten.

No Optrëtter zu Ettelbréck an zu Elwen presentéiere mir Iech dëse Programm den 14. Juni 2026 um 17:00 Auer am Machera.

De Concert ass an zwee kontrastvoll Deeler opgebaut:

Am éischten Deel steet déi Elwenter Musek am Mëttelpunkt, zesumme mam international renomméierten Euphonium-Virtuos Glenn van Looy. Um Programm stinn ënner anerem:

UFO Concerto (Johan de Meij)
Song for Ina (Philip Sparke)
Gipsy Airs (Pablo de Sarasate)
Brillante (Peter Graham)

Dësen Deel versprécht virtuos, expressiv an technesch beandrockend Momenter.

Am zweeten Deel vereene sech d’Maacher Chorale an d’Elwenter Musek fir eng grouss Rees duerch d’Welt vun der Filmmusek. Mat Wierker vu bekannte Komponisten ewéi Hans Zimmer, James Horner, Howard Shore, Ennio Morricone an aneren, erwaart Iech e Programm mat Héichpunkten ewéi:

The Hanging Tree (The Hunger Games)
Adiemus (Karl Jenkins)
Avatar – mat Auszich wéi Jake’s First Flight
Moment for Morricone
The Lord of the Rings: The Two Towers
Now We Are Free (Gladiator)
Conquest of Paradise
Musek vu Two Steps from Hell

Dëse musikaleschen Deel gëtt zousätzlech ënnerstëtzt vum Orchester L’Estro Armonico a garantéiert eng emotional an epesch Klangerfarung.

Mir invitéieren Iech, mat eis an déi faszinéierend Welt vum Film anzetauschen an dëse besonnesche Concert zesummen ze erliewen.

Ticketen sinn demnächst iwwer www.luxembourg-ticket.lu
oder wéi gewinnt an der Oweskeess disponibel.

Als kleng Opmierksamkeet am Kader vum Mammendag kritt all Fra e gratis Kippchen.

Mir freeën eis drop, Iech bei dësem Concert begréissen ze dierfen.

Prost op Ierch 🥂🥂 Prost op Iis 🥂🥂


Diese Website nutzt Cookies um z. B. durch Analyse des Besucherverhaltens die Website stetig zu verbessern. Weitere Informationen finden Sie in unserer Datenschutzerklärung.