CHORALE MUNICIPALE GREVENMACHER - MAACHER CHORALE

Chouer

Sang mat iis!

Du séngs doheem an der Dusch, am Auto oder während der Spull? Dann brauchs Du daat nët méi allèng ze maachen - mir waarden op Dech!

Egal ops Du Nouten liesen kanns oder schons Chorale-Erfahrung hues, obs Du weess wéi eng Stëmmlag Du hues oder nët, zesummen fannen mir daat eraus an hun eenmol d'Woch eng flott Zäit zesummen.
» weiterlesen

Waat? Wou? Weini?

Iisen aktuellen Comité

Bart de Norre
Président
Thessy Demuth
Secrétaire
Kurt Fantes
Coordination
Hellen Meijer
Vize-Présidentin
Marco Wagner
Trésorier

Salome Harms-Sanchez

Chorleiterin

Gebuer gouf d'Salome 1994 zu Tréier, Däitschland an am Alter vun 6 Joer huet et déi éischt Cours'en am Staater Conservatoire um Piano geholl. Hat huet däitsch-bolivianesch Wuerzelen

2007: Début Uergelunterricht am Staater Conservatoire , an der Klass vum Här Jean-Jacques Kasel
2019: Ofschloss Bachelor of Music ( Hochschule für Musik Saar, Universität Saarbrücken, Hauptfach Klavier )
2021: Participatioun um internationalen Meisterkurs für Orchesterdirektion "Sorrell Women Conductors" an der "Royal Academy of Music, London" mam Prof. Sian Edwards an Alice Farnham
2024: Ofschlossprüfung vum "Diplôme 1ère Mention" mat "Distinction" am Staater Conservatoire, Fach Chorleitung beim Här Pierre Nimax jr.
2025: Ofschloss Chouerleedung am Staater Conservatoire beim Här Marc Dostert

Donierft huet Salome och verschidden Concert'en , soit als Solistin oder am Orchester matgespillt, ewéi:
2005: Début mam "Orquestra Sinfonica Nacional de Bolivia" ënner der Leedung vum Willy Pozadas
2006: Début mam Philharmonischen Orchester vun Tréier, Däitschland ënner der Leedung vum Franz Brochhagen
2009: Dräi Concert'en am "Teatro Municipao La Paz" op Aluedung vun der Regierung vun La Paz an El Alto, ënner der Leedung vum Freddy Céspedes
2010: Eischten Solo-Klavierprogramm am Museum am Dom zu Tréier, Däitschland.
2011: Projektinitiatorin an Leedung "KZ Musik-Konzert und Lesung" an musikalesch Bedeelegung an der "Konstantin Basilika" am Kader vum 70. Joresdag vun der Deportatioun vun den jiddeschen Bierger aus der Tréierer Regioun
Säit 2011 mecht hat regelméisseg d'Vertriedung un der Uergel an den Kirchen vum Bistum Tréier

Salome war och Dirigentin vun der "Winzerkapelle Kasel" an vun der "Harmonie Municipale de Rumelange" an Chorleiterin vum Kierchechouer Thomm, vum Kierchechouer Kasel an vun engem dräistëmmegen Chouer an ëngem Altersheem vun Tréier, deen hat och gegrënnt huet.
Säit Ufank 2025 huet Salome d'Leedung bei iiser Chorale, der Chorale Municipale de Grevenmacher iwwerholl

Salome schafft säit 2021 an der Käerjenger Musékschoul als Klavier- an Keyboardleierin, as bestued an huet 1 Kand.

» weiterlesen

Gëff och du Member vun der Maacher Chorale

Wells Du wessen wei eng Prouf funktionéiert, Du hues Loscht am Grupp ze sangen, Du wells rëm nei starten? Dann bass Du bei iis richteg!

Prost op Iis! Prost op Ierch!

Ech sinn derbäi

Prouf / Probe / Rehearsal / Répétition

19.06.25, 26.06.25, 03.07.25, 10.07.25 Centre Culturel MACHERA
 

Diese Website nutzt Cookies um z. B. durch Analyse des Besucherverhaltens die Website stetig zu verbessern. Weitere Informationen finden Sie in unserer Datenschutzerklärung.